An Thailand hate Camper hire Knascht net fort geraumt a kruten et einfach nogeschéckt.

De leschte Weekend gouf am Khao Yai Nationalpark an der Géigend vu Bangkok ganz vill Dreck hannerlooss vu Gäscht, déi do campéiert haten. D'Ëmweltministesch huet sech dat net gefale gelooss an huet de Knascht einfach per Post un déi geschéckt, zu deenen e gehéiert.

Mat dobäi war en Ziedel mat de Wierder: "Mir hunn ären Dreck an engem Kartong gesammelt a schécken iech en heem. Dat soll iech eng Léier sinn, dass der ni méi einfach esou äre Knascht an d'Natur geheit".

Den Numm an d'Adresse waren nämlech bei der Parkverwaltung enregistréiert, esou d'Ministesch, déi och nach betount, dass et genuch Poubellen um Site gi fir den eegene Knascht ze entsuergen. De Khao Yai Nationalpark ass iwwregens den eelsten an Thailand a beandrock Visiteure mat enger wonnerschéiner Déieren a Planzewelt. Wann Dreck do läit, gesäit dat ganzt natierlech direkt anescht aus a virun allem verknascht et d'Ëmwelt, déi ee jo eigentlech genee do genéisse sollt.

Dann hoffe mer mol, dass de sténkege Message ukomm ass.