Aner Länner, aner Sitten? Dem Mann hätt et bestëmmt gefall...

Wien hei am Land op e Begriefnis geet erlieft meeschtens eng méi roueg Gesellschaft, déi schwaarz gekleet ronderëm d'Graf steet an dem Verstuerwene gedenkt. Ma an anere Länner kann et och mol méi haart viru goen, esou gesinn am Ecuador.

Fir dem Marlon Mero vu Manta, dee bei engem Iwwerfall ëm d'Liewe komm ass, di lescht Éier ze erweisen huet seng Fra eng leschte Kéier fir hien (an op him) gedanzt. Um Graf gouf deemno getwerkt, wéi een et soss éischter un enger Staang gesäit. Fir eis e skurrillen Ubléck, ma fir d'Fra, déi wärenddeem souguer Tréinen an den An hat anscheinend en immens emotionalen. A ganz éierlech, egal wéi makaber et fir Aussestoender ausgesäit, dem Mann hätt et warscheinlech gefall, also firwat net?