Fir déi Leit, déi net am Gaart schaffen an awer esou maache wëlle wéi wann.

Boxen, virun allem Jeans, déi ausgesi wéi wa se schonn e puer Joer um Bockel hätten, där ginn et scho méi laang. Designer maachen hei virun allem gäre Gebrauch vu Lächer, ma och Flecke gesäit een ëmmer nees an dësem "Used Look". Grasflecken sinn do allerdéngs net esou de Standard, ëmmerhi sinn dat déi Flecken, iwwert déi ee sech soss richteg opreege géif, gi se dach esou schlecht eraus.

Ma fir all déi, déi dëse Garden-Look feieren, sech dofir awer net duerch d’Wiss rulle wëllen, huet Gucci elo d’Léisung: Jeans mat Grasflecken. Hei sinn d’Flecken einfach schonn drop a gesinn och ganz authentesch aus, wéi wann ee virdrun am Gaart geschafft hätt. Ma fir dëse Service bezilt een och: d’Salopette läit bei 1400$, eng "normal" Jeans gëtt et scho fir 600$.