An der Mall vun engem Gefier hunn Zollbeamten e klengt Verméigen vu knapp 192 Kilogramm fonnt.

De Samschdeg den Owend ass en Auto mat engem däitsche Kennzeechen an engem polnesche Chauffer vum Berliner Zoll ugehale ginn. Et war eng Routine-Kontroll, ma wat d’Beamten an der Mall fonnt hu war net esou gewéinlech. Ganzer 24.000 Euro-Mënze waren hei an duerchsichteg Tute verpak.  D’Stécker waren 1 an 2 Euro-Mënzen an hu ronn 192 Kilo gewien. De Fuerer hat dës Zomm net uginn, obwuel e virdru gefrot gouf ob en eppes ze verzollen hätt a gouf deemno protokolléiert.