Nëss am Wäert vu 780 Euro goufe geklaut an nee, et war kee Kaweechelchen...

An engem Supermarché zu Mönchengladbach hat en Déif Pistaschen am Wäert vun 780 Euro matgoe gelooss. An dat net fir d'éischte Kéier, de kriminellen Noss-Fan krut dowéinst souguer schonn en Hausverbuet.

Den Déif konnt am Endeffekt flüchten an ass mat sengem Sak voll Nëss nach op fräiem Fouss.