Déi vum Goût hier wuel ëmstriddenste Séissegkeet soll och nach geféierlech sinn...

Et gëtt kee Mëttelwee, entweder et huet ee Lakritz fuerchtbar gären oder et kann een et guer net hunn. Ma an den USA schéngt et wéi wann d'Léift zu der Séissegkeet engem Mann elo zum Verhängnes ginn ass. All Dag huet de 54-Järege méi wéi eng Tut Lakritz giess a krut doropshin en Häerzinfarkt.

Dësen ass den Dokteren no dorop zréckzeféieren, dass Mann sech esou schlecht erniert huet, virun allem säi Konsum u Séissegkeeten (deemno Lakritz) wär hei den entscheedende Faktor gewiescht.

Etüden iwwert déi ëmstridde Séissegkeet hunn iwwregens erginn, dass ze vill Glycyrrhizin, deen an der Séissholzwuerzel a soumat och am Lakritz ze fannen ass, Blutthéichdrock, Kaliummangel, Niereversoen an nach weider geféierlech Niewewierkungen ervirruffe kann. Dass et tatsächlech zu Häerzrhythmusstéierunge kënnt well een ze vill Lakritz ësst, muss een et mam Konsum natierlech däitlech iwwerdreiwen.

Wann der also zu de Lakritz-Lovers gehéiert, denkt einfach drun d'Schneekegkeet mat Virsiicht ze genéissen.