Nieft de Suen, déi zum Deel scho verfault waren, huet de Mann och eng Schreifmaschinn, eng Kamera an e puer Satellittentelefone fonnt.

Ronn 27 Joer nom Dout vum kolumbianeschen Drogendealer Pablo Escobar huet ee vu sengen Neveue knapps 18 Milliounen $ an enger Mauer fonnt. Ewéi et vu kolumbianesche Medien heescht soll den Nicolás Escobar an enger fréierer Wunneng vu sengem Pätter eng Erliichtung gehat, an doropshin eng Mauer opgerappt hunn. An engem Huelraum huet hien nieft de Suen, déi zum Deel scho verfault waren och eng Schreifmaschinn, e puer Satellittentelefonen an eng Kamera fonnt.

De Pablo Escobar war am Dezember 1993 op der Flucht virun der Police bei enger Schéisserei an der kolumbianescher Stad Medellin ëm d'Liewe komm. Um Héichpunkt vu senger krimineller Karriär soll hie bis zu 15 Tonne Kokain pro Woch vu Kolumbien an d'USA geschmuggelt an sech esou e Verméige vu ronn 30 Milliarden Dollar opgebaut hunn.

Am Laf vu sengem Liewe soll de Pablo Escobar ëmmer nees Suen op geheime Plazen deponéiert hunn. Viru 4 Joer hate Bauaarbechter beim Ofrappe vun enger Villa zu Miami déi dem Escobar gehéiert huet e geheime Safe an enger Mauer fonnt. Dësen ass kuerz duerno ënner rätselhaften Ëmstänn verschwonnen.