Iwwer 10 Stonne gouf hei mat der Natur geschmuust an dat huet sech gelount...

Wien u Weltrekorder denkt, denkt meeschtens u sportlech Aktiounen, vill Talent oder extrem kierperlech Mierkmoler. Ma heiansdo geet et och duer e Bam ze ëmäerbelen.

Zu Tennessee huet eng Fra en neie Weltrekord opgestallt an deem si 10 Stonnen a 5 Minutte laang mat engem Bam geschmuust huet. De Rekord virdru louch bei 8 Stonnen a 15 Minutten.

Dat ganzt gouf via Facebook Livestream iwwerdroen an esou konnten d'Leit live dobäi si wéi d'Adrienne Long iwwer 8 Stonne laang d'Äerm ronderëm e Bam hat. Spannend. Ma fir d'Leit, déi dobäi ware gouf awer nieft der Natur-Schmuserei Yoga, Meditatioun an Danz ugebueden. Natierlech net vum Adrienne, dat huet schei brav nogekuckt a sech net bougéiert.

D'Fra selwer seet si wollt mam Weltrekord hir Mamm éieren a mental, wéi och physesch, Stäerkt beweisen. Ausserdeem goufe wärenddeem Spende gesammelt, déi un e gudden ëmweltfrëndlechen Zweck ginn - fir der Natur dat erëm ze gi wat si eis gëtt (an domat ass net just eng Ëmäerblung gemengt).