Deemno wou ee parkt kann et deier ginn, ma mat där heiten Zomm hat de Mann net gerechent...

Jidderee weess, dass e Parkhaus net déi bëllegsten Optioun ass, ma wann een an der Stad shoppe geet a mam Auto kënnt ass et eben e Präis, deen ee bezuele muss. Ausser dësen ass esou héich, dass et total iwwerdriwwen ass. Esou ass et dem Roland a sengem Eedem vu Seine-et-Marne a Frankräich gaange wéi si zu Paräis ënnerwee waren.

4 Stonne laang hu se hiert Gefier am Parking gelooss fir akafen ze goen. Wéi se zréckkomm sinn huet hinnen d'Maschinn eng Zomm vun 170.392 Euro ugewisen. D'Männer waren net just geschockt vun deem Präis, si hunn natierlech och refuséiert dësen ze bezuelen.

45 Minutte laang huet et gedauert bis de Problem behuewe war, dee wéi sech rausgestallt e Feeler am System war. All 2. Fuerer deen Dag krut déi onverschimmten Zomm ugewisen, natierlech huet awer keen dës misse bezuelen. Probéiere kann een et jo mol...