Mat senger neister Burger-Kreatioun wëll Burger King an der Belsch ee Michelin-Stär ergattern.

"Stären-Kichen" a Burger King passen op den éischte Moment net zesummen.

Burger King wëll awer elo ee Michelin-Stär kréien, an zwar an der Belsch. An dat fir een neie Produit, deen sech "Master Burger" nennt.

An engem Bréif u Michelin versicht de belsche CEO Kevin Derycke d'Restaurant-Tester dozou ze beweegen, sech een eegent Bild vum neie Burger ze maachen an sech dann ebe fir ee Stär ze entscheeden.

Et gouf souguer eng Petitioun an d'Liewe geruff, déi am Internet Ënnerschrëfte fir sou ee Stär sammelt.