© Unsplash
E Malaysier huet sech béis gewonnert wéi hie säin Handy bis erëmfonnt hat...
De Zackrydz Rodzi ass moies ganz normal a senger Wunneng waakreg ginn an huet gemierkt, datt säin Handy net méi op där gewinnter Plaz géif leien. Natierlech huet hien direkt un en Déifstall geduecht. Trotzdeem huet hien dat ganzt Haus nom Telefon duerchsicht. Ewéi hien do awer näischt fonnt hat, huet de Zackrydz säi Brudder ugestallt, seng Nummer emol eng Kéier unzeruffen fir den Handy eventuell esou kënnen ze lokaliséieren.
Do hat hien eng gutt Nues, well déi Zwee hunn den Handy dunn am Gaart hannert dem Haus erëmfonnt - mat drop ware Fotoen déi de Brigang eendeiteg entlarvt hunn. Et huet sech erausgestallt, datt en Af den Handy geklaut hat a sech domat anscheinend beschtens amuséiert hat. Gléck am Ongléck also fir de Rodzi, bis op e bësse Bulli an e puer lëschteg Afe-Selfien hat säin Handy näischt ofkritt.
© Screenshot Zackrydz Rodzi
© Screenshot Zackrydz Rodzi