© kat wilcox / pexels.com
Eng Koppel aus Niedersachsen hat d'Police fir e "Noutfall" bei sech Heem geruff.
Um 3 Auer nuets ass d'Fra vu 60 Joer mat hirem Ouerréng am Kësse vun der Couche hänke bliwwen. Well si sech net méi gutt beweege konnt, huet de Mann si versicht ze befreien. Dësen hat allerdéngs och kee Gléck - Hien huet net méi gutt gesinn.
Déi zwee hunn d'Police geruff, well se sech hirer Hänn kee Rot méi wossten. Déi huet sech dunn och tatsächlech op de Wee gemaach. D'Fra. déi mëttlerweil zanter Stonnen am Këssen houng, konnt duerch ee geschéckte Polizist vun hirem Leed erléist ginn. Wéi de Beamte gesot huet, wier si "fachmännesch vun hirem Kësse getrennt ginn".
Duerno konnt d'Koppel dunn och endlech schlofe goen.