Skurril, awer wouer: Eng virun 51 Joer verschéckte Postkaart vun engem Mënch koum virun e puer Deeg an Däitschland am Klouschter un.

Virun 51 Joer huet de Mënch an Auteur Anselm Grün mat véier anere Persounen eng Postkaart aus Roum an d'Klouschter Schwarzach geschéckt. An elo eréischt koum se do un!

Op der Postkaart ass kloer ze erkennen, datt se den 20. Abrëll 1969 fortgeschéckt gouf. Zwee vun den Auteure vun der Kaart wunnen zënter Joren am Klouschter, un dat se d'Kaart geschéckt hunn. Wéi et op der Facebook-Säit vum Klouschter weider heescht, hätte si zimmlech iwwerrascht reagéiert, wéi si d'Kaart gesinn hunn. Erënnere kéinte si sech awer net méi sou ganz genau.

Op senger Facebook-Säit schreift d'Klouschter: "Hei huet d'Post sech wuel geduecht: besser spéit ewéi ni...". Et ass een dovunner ausgaangen, datt d'Kaart warscheinlech iergendswou bei der Post verschwonnen an elo zoufälleg nees opgedaucht ass. Déi däitsch Post huet awer eng aner Iddi. Si geet dovuner aus, datt warscheinlech eng Persoun d'Kaart gehalen an elo eréischt agehäit huet. Se kéint nämlech kaum an de Gebaier vun der Post verschwonne sinn, well se do iwwer déi 5 Joerzéngte duerch Opraumaarbechten oder Bauaarbechte sécher opgefall wier.

Update: Einer der Absender war nach heutiger Recherche Anselm Grün, der zu dieser Zeit in Rom studierte. Der kann sich...

Publiée par Kloster Münsterschwarzach sur Jeudi 8 octobre 2020

D'Kaart hänkt elo um Schwaarze Briet vum Klouschter.