Zu Mannheim huet en 41 Joer ale Mann 25 Mol bei der Police ugeruff - an dat ouni Grond. Schlussendlech hunn d'Beamten hie mat op de Büro geholl.

En alkoholiséierte Mann huet zu Mannheim esou laang bei der Police ugeruff, bis dëse sou genervt vun him maachen, datt si e vun doheem aus ofgeholl an op de Policebüro bruecht hunn.

Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, hätt den 41 Joer ale Mann am fréie Freideg Moien am Ganzen 25 Mol ugeruff, ouni an enger Noutsituatioun ze sinn. Iwwerdeems hätt hien d'Beamten um Telefon beleidegt.

Kuerz virdru hat de Mann sech schonn opfälleg verhal, well Nopere sech iwwer Kaméidi aus senger Wunneng beschwéiert hunn. Géint 3 Auer sinn d'Beamten dowéinst bei him laanschtgefuer, fir hien ze berouegen.

Kuerz drop huet hien dann ugefaangen, ouni Grond beim 112 unzeruffen. D'Beamte sinn dowéinst nach eng Kéier bei hien heemgefuer an hunn hie gebueden, domadder opzehalen. Nodeems hien dat awer net gemaach huet an ëmmer nees ugeruff huet, waren d'Beamte sou genervt, datt si géint 7 Auer eng drëtt Kéier laanschtgefuer sinn an hie mat op de Policebüro geholl hunn.

Géint den 41-Järege gëtt elo wéinst Mëssbrauch vum Noutruff a Beleidegung ermëttelt.