Am Fussball huet d´Lëtzebuerger Nationalekipp eng flott Statistik unzebidden.

Um Samschdeg huet d´Lëtzebuerger Nationalekipp 2:0 an der UEFA Nationsleague géint Zypern gewonnen. Domat huet d´Ekipp an dësem Joerzéngt den 10. offizielle Match, vu Frëndschaftsmatcher ofgesinn, gewonnen. Fir déi 10 Victoirë virdrun, hunn d´Jongen 99 Joer gebraucht.

Domat hunn se amplaz 99 Joer (1911-2010), lo 9 Joer (2011-2020) laang gespillt, fir 10 Matcher ze gewannen. Fir weider flott Geschichten aus dem nationalen an internationale Futtball ze héieren, ass den Eldo-Podcast Buvette genau dat richtegt: