An den USA hat e Paschtouer a senger eegener Kierch en Dräier mat zwou Dominaen. De Plang war et, e Porno ze dréinen.

Wann et ëm Filmer a Serië geet, dierf aktuell, trotz Corona, erëm produzéiert a gedréint ginn. Dat misst an der Theorie jo dann och fir Pornoen zielen. Dat huet sech rezent bestëmmt e Geeschtlechen aus den USA geduecht.

En 37 Joer ale Paschtouer aus Pearl River, Louisiana huet sech mat zwou Dominae getraff, fir zesummen en Dräier ze hunn. Aus onbekannte Grënn hunn sech déi dräi awer net an engem Club oder bei engem doheem getraff, ma an der réimesch-kathoulescher Kierch vum Paschtouer. D'Zil war et wuel, bewosst e Porno ze dréinen. Dat géif opmanst d'Kamera an d'Stativ um Altor vun der Kierch erklären. Eng vun den Dominaen hat am Virfeld scho via Social Media ugekënnegt, geschwënn en Haus Gottes wëllen ze beschmotzen.

Erkannt an ënnerbrach gouf den Dräier iwwregens vun der Police, déi vun engem Zeie verstännegt gi war, nodeems hien nach spéit owes Luucht an der Kierch gesinn an e Bléck riskéiert huet.

De Paschtouer gouf an Tëschenzäit och suspendéiert. D'Parteie riskéiere bis zu dräi Joer Prisong.

Eng Mask hat iwwregens kee vun den dräi Acteuren hunn... En negativen Test konnt och kee virweisen...