Normalerweis kréien d'Gewënner d'Noriicht vun der Auszeechnung via Telefon matgedeelt, ma beim Paul Milgrom huet den Noper missen un der Dier schellen.

Als Wëssenschaftler mat engem Nobelpräis ausgezeechent ze ginn, ass ee vun de gréisste Komplimenter, déi ee fir seng Aarbecht ka kréien. Eigentlech misst et och e prägende Moment si fir den Uruff ze kréien, deen een doriwwer informéiert. Ma dësen ass beim Paul Milgrom net esou ukomm wéi geplangt. Wéi de schwedesche Comité ugeruff huet war et beim kalifornesche Wëssenschaftler nämlech matten an der Nuecht, a wärend där wollt de Paul sech net stéiere loossen. Säin Handy hat en op den Nuechtmodus ëmgestallt a wéi den Haustelefon geschellt huet duecht de Mann et wäre Leit, déi sech e Spaass mat em géifen erlaben. Wie rifft scho matten an der Nuecht un?

Ma gutt dass de Milgrom net eleng un der "Verbesserung vun Auktionstheorien an der Erfannung vun neien Auktionsformaten" geschafft huet fir déi en ausgezeechent gouf. Säin Noper a Mentor, de Bob Wilson hat den Telefon opgehuewen an déi gutt Noriicht schonn direkt kritt. Dësen hat och dem Paul seng Nummer un de Comité viru geleet, déi de Mann net erreeche konnten. Zesumme mat senger Fra ass en du kuerzerhand matten an der Nuecht bei säin Noper schelle gaange fir him déi gutt Noriicht perséinlech matzedeelen. Duerch déi agebaute Kamera bei der Schell ass déi ganz Situatioun och nach opgezeechent ginn. A wien net domat rechent esou eng Noriicht matten an der Nuecht ze kréien ass verständlecherweis och zimmlech verschlof a virun allem perplex an esou enger Situatioun.