Wärend d'Majoritéit vun de Leit net a Kontakt mam COVID-19 komme wëllen, ginn et der e puer déi doran e Virdeel gesinn...

Weltwäit gëtt alles grëndlech desinfizéiert, Masken ugedoen an Distanz agehale fir d'Neiinfektiounen ze limitéieren an de Coronavirus an de Grëff ze kréien. Ma net esou op der Brigham Young University zu Idaho an den USA. Wéi d'Schoulverwaltung annoncéiert huet, hu sech hei verschidde Student express mam COVID-19 infizéiert fir sech mat den Antikierper, déi dacks duerno optrieden, Suen dobäi ze verdéngen.

Laboe bezuelen an där Regioun fir Plasma mat Antikierper bis zu 200 Dollar pro Bluttspend. Dës gëtt da genotzt fir d'Recherche a fir Therapië bei deenen den erkrankte Patienten Antikierper vun anere verofreecht gëtt.

Wéi d'Neiinfektioun um Campus bannent 2 Wochen extrem geklomme sinn an d'Uni 150 Coronafäll gemellt huet, ass een op d'Situatioun opmierksam ginn. Studenten, déi sech weiderhi virsätzlech mam Virus ustieche loosse mussen domat rechnen exmatrikuléiert ze ginn, esou déi Responsabel vun der Universitéit.