E Mann vun 23 Joer hat zwou Joggerinnen am Oktober 2018 zu Pregatzen an Éisträich iwwerfall.

Hien huet eng vun hinnen ëmgehait, un de Been festgehalen an de lénke Schon ausgedoen.

Am November 2019 huet hien dunn enger weiderer Fra eng Tut vun der Dreckskëscht iwwert de Kapp gezunn, an se op de Buedem gedréckt. Weider ass hien net gaangen.

Eigentlech ass een dovun ausgaangen, dass de Mann wëlles hat, seng Affer ze vergewaltegen. Wéi sech elo erausgestallt huet, huet hie "just" e Fetisch fir gedroe Fraeschong, a reagéiert sech un dësen of. Et huet een sech missen driwwer eens ginn, op den Täter duerch säi Problem iwwerhaapt zourechnungsfäeg war, hie koum dofir a psychiatresch Behandlung.

Et ass een da schlussendlech vun enger Zourechnungsfäegkeet ausgaangen, an et gëtt deementspriechend och eng Sanktioun, esou de Procureur.