An enger indescher Klengstad huet e Loftballon vum Superheld Iron Man fir Angscht virun enger Invasioun duerch Ausserierdescher gesuergt. 

Eng Partie Awunner vun der Stad Dankaur am indesche Bundesstaat Uttar Pradesh haten de Sonnden e Loftballon vum Superheld Iron Man duerch d'Loft fléie gesinn. Well eng Partie vun den Awunner d'Figur aus de Marvel-Filmer a Comicen net kannt hunn, sinn si wéinst dem Ausgesi vum Ballon dovun ausgaangen, dass et sech em en Ausserierdeschen handele géif.

De Ballon ass no kuerzer Zäit an enger Heck um Ufer vun engem Floss, deen duerch d'Stad fléisst, hänke bliwwen. Engem Vertrieder vun der lokaler Police no, hätt e Grupp vu Mënschen sech doropshi beim Floss versammelt fir de presuméierten Alien ze beobachten. Ewéi de Ballon an der Heck houng, koum en Deel vun dësem a Kontakt mam Waasser vum Floss, wouduerch de Ballon sech liicht beweegt huet. Dat huet kuerzzäiteg fir weider Nervositéit bei den Awunner vun der Klengstad gesuergt.

Wéi et vun der Police heescht, hätt sech d'Panik ënnert de Leit awer kuerz drop geluecht an et wier keen zu Schued komm.