Déi franséisch Police huet e Mann am bekannte Schlass vu Versailles festgehalen. Dëse soll sech fir e Kinnek gehalen hunn.

Den 31-Järegen huet e Samschdeg den Owend fäerdeg bruecht an d’Schlass eranzekommen. Kuerz virdru gouf hie vun engem Taxi gefouert. De Chauffer huet d’Police geruff well de Mann en Läinduch unhat. Donieft huet hie behaapt dass hien e Kinnek wier.

Wéi d’Police op d'Plaz koum war eng Fënster zerbrach ginn. Kuerz drop ass de Mann fonnt ginn. De Parquet vu Versailles huet dësen Abroch confirméiert. De Mann wier iwwer d’Schlassmauer geklommen. Et gouf awer kee Materialschued am Schlass festgestallt.