A Polen mussen d'Fitnessstudioe wéinst den héijen Infektiounszuelen zoumaachen, d'Kierchen dierfen opbleiwen...

Och a Polen klammen aktuell d'COVID-19-Fäll, wat dozou féiert, dass d'Moossnamen nees verschäerft ginn. Esou mussen zum Beispill d'Fitnessstudioen zoubleiwen. Den "Atlantic Sports Club" zu Krakau wollt sech dat awer net gefale loossen an huet sech eppes iwwerluecht fir de Mesuren ze entgoen. De Betrib huet sech iwwergangsweis offiziell als Kierch androe gelooss a muss deemno net zoumaache well d'Haiser Gottes dat jo och net mussen.

Op Facebook huet de Fitnessstudio annoncéiert elo eng Kierch vum gesonde Kierper ze sinn. Géint eng kleng Spend dierf hei jiddereen d'Geräter teste kommen a Fitnesscourse kann een dann elo als reliéis Versammlung bezeechnen.

Déi nei Glawensgemeinschaft freet sech iwwert déi gewiiften Taktik, e bësse fragwürdeg ass dës Logik natierlech trotzdeem...