Méi wéi 7 op ee Schlag - Do géif d' "Tapfere Schneiderlein" neidesch ginn...

Déi meescht vun eis dierfte sech doriwwer iergere wa Réckstänn vun Insekten op der Mauer kliewe bleiwen oder déi doudeg Mécken iergendwou nach ze gesi sinn. Ma bei der Twitter-Userin Shreya brécht Freed aus wann dat de Fall ass: Si hält d'Moustiquen nämlech schéi propper an engem Album, mat Nummeréierung: Esou wéi aner Leit Panini-Biller sammele sammelt si hir Insekten-Affer.

Et kann ee jo novollzéien, dass ee bei de pickegen, nervegen Déierchen net onbedéngt op d'Motto "liewen a liewe loossen" zeréckgräift, ma dass den Hobby esou wäit geet - dat ass dann awer e bësse komesch. Firwat se dëst mécht, verréit d'Shreya net, ma dem Album no ze urteele mécht se et schonn eng Zäitchen. Eng richteg Serien-Mäerderin also.