A verschiddene Länner gëtt sozial Distanz ganz genee geholl, dat bis an d'Schlofkummer vun den Awunner eran.

Och a Groussbritannien klëmmt d'Zuel vun den deeglechen Neiinfektioune rapid. Fir dat an de Grëff ze kréien huet d'Regierung elo nei Mesuren annoncéiert. Sozial Distanz, méi Home Office an d'Droe vu Maske si bis ewell jo näischt Neies. Ma elo wëll een de Leit och virschreiwe mat wiem, oder besser gesot mat wiem se NET, am Bett lande sollen. One-Night-Stands sinn nämlech elo op der Insel verbueden.

Hei ass et dem brittesche Gesondheetsministère no egal ob ee sech an enger Privatwunneng trëfft oder op enger ëffentlecher Plaz, spontan "Iwwernuechtungen" an och Treffe mat Leit baussent dem eegene Stot sinn net erlaabt.

Wann ee seng sozial Kontakter aschränken, sech net onnéideg deplacéieren a Friemen, respektiv Leit ausserhalb vum Haushalt, net ze no komme soll mécht dat jo och Sënn, e bësse komesch kléngt de Verbuet trotzdeem...