Kee Witz: Déi éisträichesch Post bréngt Corona-Timberen aus Toilettepabeier op de Marché.

Den Elefant gëllt ass Moos vun allen Saachen. Op alle Fall mol zu Wien. Wärend an Island déi Zwee-Schof-Reegel gëllt, wëll déi éisträichesch Post de Corona-Mindestofstand duerch ee Babyelefant definéieren. Domadder wëll een erreechen, dass de Mindestofstand méi einfach anzehalen ass.

Just ee klengen Hocken huet dat Ganzt: nämlech ass de Babyelefant deene meeschte Leit aus der beléifter Alperepublik onbekannt.

Do kënnt dann deen neie Corona-Spezial-Timber an den Asaz, deen de Verfaasser vum Bréif nämlech opkläre soll.

Den Timber wéisst 4 verschidden Déieren an engem Gréisstenënnerscheed: ee sechsbeenegt Insekt = ee Milimeter, eng Méck = een Zentimeter, eng Maus = een Dezimeter an ee Babyelefant = ee Meter.

Net nëmme wäert de Slogan vum Timber, "Distanz, die uns verbindet", zum Kaf bäidroen, mee och d'Material aus deem den Timber ass. Hei handelt et sech nämlech ëm richtegt Toilettëpabeier, wat zu Hamsterkeef ka feieren. Fir dass den Timber net räisst, ass en hanne mat engem Naturfaserpabéier verstäerkt ginn.

Vum nächste Freideg un kann een dann den Timber kafen, ob een en elo fir ee Bréif notzt oder als Toilettëpabeier-Hamsterkaf ass jidderengem eenzel iwwerlooss. Beim Akafe gëllt just ee Babyelefanten-Ofstand ze halen.