Na, wie wëll dësen Job?

Wann s du vun der Zäitëmstellung genervt bass, dann wäerts de dëse Mataarbechter vun der Queen elo bedaueren.

Dee brauchen nämlech e puer Stonnen, fir d'Aueresammlung vun der brittescher Kinnigin op Wanterzäit ëmzestellen. Dat sinn nämlech keng Aueren, déi sech vum selwen op d'Wanterzäit astellen.

Eleng am Buckingham Palace géingen et ronn 600 Auere ginn, am Windsor Castle weider 450.

An dobäi kënnt: déi vill Aueren an der Kiche mussen all 5 Minutte virgoen, fir datt d'Iesse fir d'Royals mat Zäite fäerdeg ass...

Wien dat elo spannend fënnt, dee kann sech jo bei der Queen als Fräiwëllege mellen :)