D'Kand hat d'Fotografie a Snapchat fir sech entdeckt, net zur Freed vu senger Mamm.

Kanner an technesch Geräter sinn eng geféierlech Kombinatioun, och wann et esou e klengt Gerät wéi en Handy ass. Domat kann een nämlech relativ vill Blödsinn ustellen, gewollt awer ebe leider och ongewollt.

Eng onangeneem Iwwerraschung gouf et fir d'Emily Schmitt aus den USA, där hir 2 Joer alt Duechter onbemierkt Fotoe vun der Mamm gemaach hat. Dat peinlecht dorun: d'Fra war zu deem Zäitpunkt net bekleet. D'Snaps vun hirem hënneschten Deel goufen dunn un e puer Kontakter verschéckt, dorënner eemoleg College-Frënn an Aarbechtskolleege mat deenen d'Mamm mol net méi wierklech Kontakt huet.

Wéi d'Emily dëst bemierkt huet, wär si am léifsten am Buedem versonk. Ma d'Fra hat Gléck am Ongléck: Wärend sech e puer Leit vun deene 15 beim Emily fir déi ongewéinlech Hënner-Foto bedankt hunn, hunn anerer just eng ondäitlech Foto vun enger Mauer kritt. Nach eng gutt Noriicht: d'Fotoe verschwannen nees no 24 Stonnen. An deem Sënn war et gutt, dass d'Nudes just via Snapchat verschéckt goufen an net via Whatsapp, do wäre warscheinlech och nach eng gutt Rëtsch méi Kontakter drënner gewiescht.

D'Elteren an déi meescht Empfänger hunn et mat Humor geholl, ma dat klengt Carsyn wäert deemnächst trotzdeem eng kleng Handy-Paus aleeë mussen.