Kann een déi politesch Astellung um Inhalt vum Frigo erkennen?

D'USA ass am Wal-Féiwer - alles dréint sech ëm d'Fro: Biden oder Trump. An dat och an der Kichen, esou schéngt et op alle Fall wann een de Site vun der "New York Times" besicht. Hei gouf sech elo e Quiz ausgeduecht bei deem Leit unhand vun enger Foto errode kënnen op deen hannert der Foto Trump- oder Biden-Wieler ass. Op der Foto befënnt sech allerdéngs keng Persoun, mee e Frigo!

Kann een unhand vun engem Frigo, a virun allem vun deem sengem Contenue, erkenne wéi eng politesch Astellung en huet? Maacht de Quiz a fannt eraus wéi gutt dir am Aschätze vu Frigoen, oder och deenen hire Besëtzer, sidd.