Ee vun den zwee Täter hat virginn, den Dschinni aus der Luucht ruffen ze kënnen.

Den Dokter aus Indien krut vun zwee Déiwe Gesondheet, vill Suen a Gléck versprach, wann hien d'Luucht keeft. Ausserdeem huet ee vun hinnen sech fir en Okkultist ausginn, an esou gemaach als kéint hien den Dschinni erausruffen.

Eréischt méi spéit gouf dem Mann bewosst, dass et sech sech beim Geescht ëm e verkleeten Déif gehandelt huet. Wéi en dunn och nach festgestallt huet, dass en seng Wënsch net erfëllt kritt, huet en sech bei der Police gemellt.

Déi zwee Täter goufe festgeholl. Si haten och schonn aner Leit mat dësem Trick erageluecht.