© Unsplash
Chrëschtdag loosse mer eis net klauen, da muss de Mann mam Baart ebe mat der digitaler Zäit matgoen!
De Summer iwwer hu mer geléiert via face time mat Kolleegen unzestoussen, iwwer Streams goufe Concerten ofgehalen an et ass een a virtuell Sportscourse gaangen, vum Home Office mol ofgesinn. Et ass d'Joer vun der sozialer Distanz an doru wäert sech wuel och an deenen nächste Wochen esou séier näischt änneren, och net um Nordpol!
Normalerweis beseet d'Traditioun, dass de Kleeschen ëm dës Joreszäit Visitten uechtert d'Land mécht, d'Kanner sëtze sech bei en, erziele vun hire Wënsch an da gëtt et eng Titche mat Leckereie wa sech geschéckt gouf. Ma genee dës Saache sinn op Distanz guer net esou einfach ëmsetzbar an dofir huet de Scott Rousseau sech eng Alternativ afale gelooss: Talk2SantaClaus. D'Website erméiglecht de Kanner via face time mam Kleeschen ze kommunizéieren.
Online-Visitte gi vum 14. November u lass, d'Eltere kënnen awer elo schonn eng face time-Audienz beim Mann mam Baart fir hir Kanner ufroen.