© Screenshot Facebook / Bäckerei F.X Neumeier
Wann d'Corona-Roserei Iwwerhand hëlt...
Aus Roserei wéinst der sanitärer Kris, déi och en Afloss op d'Gastronomie-Geschäft huet, huet sech e Patissier aus Bayern eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Hien huet e "Frust-Fanger" gebak, deen ausdrécke soll wéi d'Bäckerei an och d'Cliente sech wéinst der aktueller Situatioun fillen. De Krapfe gesäit nämlech aus wéi en ausgestreckte Mëttelfanger an ass deemno eng lecker Protest-Aktioun.
De Patissier a säi Brudder, déi de Betrib leeden, musse wéinst der Pandemie mat ronn 50% Verloscht rechnen an hunn Angscht, dass hiert Geschäft duerch den 2. Lockdown zerstéiert gëtt. Mat der passiv-aggressiver Kreatioun wollten déi Zwee en Zeeche setzen. Ma am Endeffekt hu se net just dat gemaach, mee och nach e richtegen Nerv getraff. D'Cliente si begeeschtert vun de "Wut-Krapfen", deen et de ganzen November am Sortiment gëtt, an deemno ass et net verwonnerlech, dass se reegelméisseg ausverkaf sinn.