© YouTube Screenshot
Den Hogwarts-Bréif kënnt zwar net mee dofir kann den Dram vum Schnatz an Erfëllung goen.
Faalt elo net vu lauter Freed vum Biesem, mee et ginn Neiegkeete fir all d'Harry Potter-Fans. Eng Kickstarter-Campagne vun Knight Games sicht grad no Leit, déi d'Iddi vun engem Quidditch-Brietspill ënnerstëtzen.
Op engem Spillfeld duelléiere sech hei zwee Spiller mat Figure vun de 4 Hogwarts-Haiser. All Spiller stéiert een Team fir de Quidditch-Cup ze gewannen. "Harry Potter: Catch the Snitch" ass déi éischte Campagne vum Betrib a bitt verschidde Formullen u fir d'Konzept ze ënnerstëtzen. Zil vun der Campagne sinn 375.000 Euro, no engem Dag hat Knight Games schonn 54.000 Euro.
Ier der äre Portmonnie elo eraushuelt, musst der awer nach e bësse Gedold matbréngen. D'Hiersteller hunn d'Iddi elo mol op äis geluecht fir den Ausgang vun der US-Wal ofzewaarden, ier se mat der Marketing-Campagne virufueren.