An der Haaptstad Washington hate vill Leit e Grond ze feieren - No der Ukënnegung vun der Victoire vum Biden hu Butteker 75% méi Schampes verkaf.

D'Ukënnegung vum Joe Biden senger Victoire bei der amerikanescher Presidentschaftswal war fir vill Amerikaner e Grond ze feieren. Deemno koum et no dëser Nouvelle an der Haaptstad Washington zu engem Stuerm op Schampes an de Butteker.

Deemno huet de Buttek Calvert and Woodley der Noriichtenagence AFP géigeniwwer matgedeelt, datt si e Samschdeg 75% méi Schampes verkaf hu wéi soss. Vill Leit hätten dem Biden seng Victoire wëlle feieren, well et e ganz besonneschen Dag fir d'Demokratie wier.

Och an anere Butteker koum et zu enger grousser Nofro no Schampes a Wäin. Deemno hätte vill Clienten och e puer Fläsche kaf, an dat wier éischter seelen, esou eng Verkeeferin vun engem Wäiverkeefer.