© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP
Elo dat den Donald Trump d’US-Wale verluer huet, huet Madame Tussauds decidéiert seng Wuess-Figur anescht ze stylen.
Den Donald Trump wäert jo am Januar dat Wäisst Haus verloosse mussen. Hie wäert also vill Zäit fir seng Hobbyen hunn. Dat huet sech op allefalls de Madame Tussauds Musée zu London geduecht, deen op der ganzer Welt fir seng Wuess-Figure bekannt ass. E puer Stonnen no der Noriicht dass de Joe Biden deen nächsten US-President géif ginn, hu si d’Wuess-Figur vum Donald Trump ëm gestyled. D’Visiteure kënnen hien elo an engem neie Golfer-Outfit gesinn. Et ass jo gewosst dass den nach aktuellen US-President gäre Golf spillt.