© Twitter Screenshot
Autoen an Alkohol passe seelen zesummen, ma den Elon Musk huet sech elo a béide Beräicher etabléiert.
Wat am Abrëll 2018 als Abrëllsgeck lancéiert gouf, ass mëttlerweil zu engem richtege Produit ginn: Tequila vun der Mark Tesla. Ugefaangen huet d'Iddi duerch eng Foto, déi den Elon Musk den 1. Abrëll 2018 op sengem Twitter-Account gedeelt huet. Hei war den Entrepreneur ze gesi wéi en net ganz niichter (esou op alle Fall duergestallt) nieft engem Tesla läit, an der Hand e Stéck Kartong mat dem Wuert "bankrott". Am Tweet steet "Elon gouf bewosstlos nieft engem Tesla-3-Modell fonnt, ëmgi vun "Teslaquila-Fläschen", d'Spuere vu gedréchenten Tréinen sinn och nach op senge Baken ze gesinn".
Ma genee deen "Teslaquila" oder besser gesot "Tesla-Tequila" soll et dann elo tatsächlech ze kafe ginn! Fir 250 Dollar kann een esou eng Fläsch op der Säit vun der Entreprise kafen. D'Spirituos wär eng limited edition an Zesummenaarbecht mat "Nosotros Tequila".
Ob d'Iddi elo zitt oder net, e Versuch ass et wäert - ëmmerhi setze mëttlerweil vill Promien ob Alkohol als Niewen-Business, esou ënnert anerem den Dwayne "The Rock" Johnson, P. Diddy oder och Drake. Et wär iwwregens net déi éischte Kéier, dass aus engem Witz vum Elon Musk eng Geschäftsiddi gëtt: De Flammenwerfer, deen de Musk fir 500 Dollar d'Stéck iwwert d'Entreprise "Boring Company" entwéckelt huet, gouf am Endeffekt 10.000 Mol verkaf an huet esou fir en Ëmsaz vu 5 Milliounen Dollar gesuergt.
Ma dann, Prost!