© Screenshot Youtube
De perfekten Doppel-Nonumm fir Chrëschtfans…
Et klengt ze perfekt fir reell ze sinn, mee et gi se wierklech: Mr. a Mrs. White-Christmas. Iwwersat heescht dat esou vill wéi wäisse Chrëschtdag an deen Doppel-Numm droen elo de Kieran White an d’Tilly Christmas.
Déi zwee kenne sech schonn zanter hirer Kandheet an hir Nimm goufen och net geännert, se passen einfach perfekt beieneen. Gutt dass d’Koppel Fan vun der Saison sinn, esou war séier kloer, dass net just ee vun den Nimm bäibehale gëtt mee direkt e chrëschtdaglechen Doppel-Numm bestoe bleift.