Fir zwee kriminell Teenager gouf sech eng ganz besonnesch Strof ausgeduercht…

An Indonesien hat d’Police zwee Jugendlecher dobäi erwëscht, wéi se probéiert hunn Touristen ofzezocken. D’Jongen hate sech um Parking positionéiert an do geziilt Reesender ugeschwat fir hinne Suen of ze luchsen. Déi zwee hate behaapt et misst ee Parkgebüre bezuelen, dat natierlech direkt u si zwee. Een Tourist war mësstrauesch an huet sech geweigert,  wouropshin d’Teenager de Mann souguer bedrot hätten. Ma deen huet doropshin d’Police geruff.

Tatsächlech war d’Geschicht vun de Parkgebüre fräi erfonnt, dës gouf nämlech schonn zanter 2015 ofgeschaaft fir den Tourismus an der Regioun ze steigeren. Wéi d’Beamten ukomm sinn hu se déi Zwee och nach ugetraff an zur Ried gestallt. Ma amplaz d’Jonge mat op de Policebüro ze huelen an eng formell Klo géint di 2 anzeleeden oder hinnen eng Geldstrof ze ginn, haten d’Beamte sech eng méi ongewéinlech Bestrofung iwwerluecht. Fir d’éischt misste sech déi Klengkriminell beim Tourist, dee se probéiert haten ofzezocken, entschëllegen an du krute se d’Aperhoer ofraséiert. Duerno duerfte se mat hirem neie Look heemgoen.

Mat dëser méi liichter, awer ëmsou méi penibeler, Bestrofung haten d’Beamte sech geduecht, dass et méi effektiv wär ewéi eng Geldstrof. Villäicht denken d’Jongen an Zukunft 2x doriwwer no, ob se hiert Gesiicht wëllen dofir hierhale fir Touristen e puer Su ofzeknäppen.