Et klengt no engem Witz mee eng Primärschoul misst Elteren tatsächlech dorun erënneren, dass Kanner net dierfen iwwert den Zonk geheit ginn...

"Ech geheie meng Kanner net iwwert den Drot", dës Affiche ass kee Witz mee tatsächlech eng eescht gemengte Erënnerung vun enger Primärschoul zu Avignon. Do waren tatsächlech Elteren, déi genee dat mat hire Kanner gemaach hunn, wa se ze spéit u ware fir se op normalem Wee ofzeliwweren.

Zanter der Rentrée am September ass dëst méi wéi eng Kéier virkomm, dass Kanner vun hiren Elteren iwwert den Zonk "geheit", oder och gehuewen, goufen. Dëst virun allem fir Diskussioune mat de Proffen oder och Strofen aus dem Wee ze goen. Ma och wa kee Schüler blesséiert gouf, gäre gesi gouf et net an esou huet d'Schoul d'Mesuren nach emol misse rappelléieren.