An de Kannergeschichte gëtt gezielt datt Storchen d´Puppelcher bréngen. Dat ass awer lo d´Realitéit an Éisträich. Oder wéi ass dat méiglech?

Am Mee hunn sech et zwee Storchen op engem Daach vun engem Restaurant an Éisträich gemittlech gemaach an hiert Nascht nieft dem Kamäin gebaut. D´Bewunner vum klengen Duerf Freistadt hunn säit Méint op Nowuess gehofft a gewaart.

Doraus ass net vill ginn. Experten hunn rausfonnt datt d´Déieren nach ze jonk wieren an et nach eng gutt Zäitche wäert dauere bis eppes geschitt.

RTL

© Glyn KIRK / AFP

De Besëtzer vum Restaurant wou d´Storchen drop wunnen, huet elo skurril News matzedeelen. Direkt 5 Frae vu sengem Personal aus dem Service si schwanger ginn säitdeem d´Storchen um Daach sinn.

D´Bewunner vum Duerf freeën sech natierlech iwwer d´Gléck vun de Fraen, mee eng Partie kleng Storche wier dach awer e Stéck méi flott a schéin gewiescht, sou de Besëtzer vum Restaurant.