Koumëscht als Alternativ zu LED-Luuchten aus China. Keng schlecht Iddi oder?

D´Stad Ayodhya feiert den Diwali. Gläichzäiteg hunn d´Bierger e Weltrekord opgestallt an hunn 606.569 Luuchten ugefaangen. Den Diwali ass fir d´Hinduen esou wichteg wéi fir eis Chrëschtdag.

De gréissten Deel vun de Luuchten ass aus Koumëscht hiergestallt gi well LED-Luuchten aus China boykottéiert ginn. D´Autoritéiten hunn ronn 330 Millioune Luuchten aus Koumëscht gezielt déi schonns verkaft gi sinn. De Gewënn vum Verkaf soll fir e gudden Zweck gespent ginn. De gréissten Deel soll un krank Kéi an un aarm Bauere goen.

Ganz wichteg: d´Luuchten sollen iwwerhaapt net sténke mee just schéin ausgesinn.