© pexels.com
An Amerika huet d'Mamm vun 2 Kanner eng 19 Joer al Babysitterin verklot, well dës hire Kanner "Chicken Nuggets" z'iesse ginn hat.
Eng 19 Joer al Fra, déi zënter 2 Joer an den USA als Babysitterin schafft, gouf viru kuerzem vun enger Famill gebieden op där hir 2 Kanner opzepassen. Ewéi d'Fra matgedeelt huet, hätten sech de 9 Joer ale Bouf an dat 7 Joer alt Meedche wärend der ganzer Zäit, déi si op déi zwee opgepasst huet, virbildlech verhalen. Wéi déi 2 du gefrot hunn, op si "Chicken Nuggets" als Owesiesse kéinte kréien, wollt d'Fra hinnen dëse Wonsch erfëllen, fir si esou fir hiert gutt Behuelen ze belounen.
Allerdéngs haten d'Elteren net dru geduecht der Babysitterin matzedeelen, dass si an hir Kanner sech vegetaresch ernäre géifen.
Ewéi d'Mamm vun de Kanner heem komm ass, war si deementspriechend wéineg begeeschtert, ewéi si gesinn huet, dass hir Kanner am Gaange ware Fleesch z'iessen. Si huet d'Babysitterin erausgehäit ouni si ze bezuelen a si vernannt, well si hire Kanner Läichen z'iesse ginn hätt. Ma domadder net genuch. Kuerz dorop, krut d´Babysitterin dann och nach eng SMS an där d'Mamm vun de Kanner 300 $ Schuedenersatz fir den emotionale Schued, deen d'Iesse vu Fleesch bei de Kanner ugeriicht hätt, gefuerdert huet. Pro Kand wuelgemierkt.
D'Babysitterin huet dës Geschicht op der amerikanescher Internetsäit "Reddit" publizéiert an déi aner Notzer em Rot gefrot. Iwwerdeems huet si matgedeelt, dass si déi gefuerderte Suen net bezuelt hätt. D'Notzer vun der Internetsäit hunn hir Recht ginn an hir dozou geroden och hir Pai vun der Famill anzefuerderen. Schliisslech huet déi jonk Fra nach matgedeelt, dass si keng Angscht virun enger geriichtlecher Ausenanersetzung mat der Famill hätt. Hier Papp an hire Brudder wiere nämlech allebéid Affekoten.