© www.pexels.com
Op enger virtueller Stee gouf d'Bréifdauf New Kim fir ganzer 1,6 Milliounen Euro versteet. De Rekord louch virdru bei 1,25 Milliounen Euro.
Eng Bréifdauf aus enger belscher Zuucht gouf bei enger Online-Stee fir e Rekordpräis vun 1,6 Milliounen Euro un e chinesesche Keefer um Sonndeg versteet.
D'Plattform déi dës Stee organiséiert heescht lëschtegerweis Pigeon Paradise kuerz Pipa.
New Kim, esou de Numm vun der weiblecher Bréifdauf aus enger Zuucht mat gudden Numm ass duerch d'Rekordzomm den deierste Vull op der Welt ginn. De leschte Rekord louch bei ronnen 1,25 Milliounen Euro fir den Armando deen d'lescht Joer vum selwechte Keefer kaf gouf, esou heescht vu Pigeon Paradise.
Virun 2 Joer huet d'New Kim 200€ kascht, ma duerch seng Leeschtungen am Sport huet de Präis nawell de Plaffong gesprengt.
Di europäesch Vullen hunn an de leschte Joren ëmmer méi Popularitéit an der Welt vun de Coursë vu Bréifdauwe gewonne wéi et heescht. Et freet een sech iwwert déi steigend Rivalitéit.
Net schlecht New Kim.