© YouTube Screenshot
Och Büffelen hu Manéieren...
De Kevin Pelan war Enn Oktober an der Géigend vun Dallas, Texas, op enger Ranch op Besuch. Moies huet hien hei mat de Besëtzer vun der Ranch gefrühstückt. Ma net just mat deenen, an engem Video, deen elo op TikTok viral geet, gesäit ee wéi e Bison sech dobäi gesellt a mat ësst.
Dat wuertwiertlech: Nodeems de Besëtzer dem Büffel ze verstoe gëtt e soll säi Moiesiessen zou sech huelen, béckt d’Déier sech an ësst aus der Schossel vum Dësch. Ma mir fannen, de Bison mécht dat méi manéierlech ewéi esou munch aneren.