© Pexels
Och 2021 wäerte mer nach eppes vun der Kris hunn. Op alle Fall e passende Kalenner…
D’Corona-Pandemie betrëfft eis all, ma verschidde Leit nach méi wéi anerer. Esou zum Beispill Leit, déi am Gesondheetswiese schaffen oder och déi, déi vun der Event- a Kultur-Branche liewen. Ganz nom Motto: Solidaritéit hëlleft, huet d’Fotografin Alita Holzhauer Models benotzt, déi am Gesondheetswiese schaffen oder an der Musekszeen ënnerwee sinn. Ma net just dat, ass ongewéinlech fir de Kalenner 2021, och den Accessoire, deen an all Foto erëmzefannen ass, ass nei.
Op all Bild fënnt sech d’Mask erëm an esou soll de Kalenner verdäitlechen, wéi sech d’Liewen duerch de Virus verännert huet. De Mond- an Nuesschutz ass e permanente Begleeder ginn, och bei den Akt-Kalenner.