© Screenshot YouTube
Esou witzeg reagéieren d'Muppen op hir ganz eege Christmas-Hymne.
Kuerz virum 1. Advent geet et lass: De Michael Bubblé kënnt nees aus senger Höl, d'Maria Carey kämpft sech erëm an den Charts no vir an Wham ass net just an der Morningshow en Thema. Lues awer sécher freeë sech d'Mënschen dorop Chrëschtdagslidder ze héieren, ma net just Mënsche mee och d'Déieren. Dëst Joer gëtt et nämlech e Christmas-Song speziell entwéckelt fir d'Véierbeener.
Muppen huelen Téin anescht wouer wéi mir an dowéinst gouf dëst Lidd extra mat wëssenschaftlechen Erkenntnisser erstallt. A wéi een am Video erkennt schéngt d'Experiment richteg gutt unzekommen, op alle Fall bei den Hënn.