© Screenshot Twitter / Stadt_FFM
Elo wësse mer wéinstens, dass et esou eppes wéi Bam-Kosmetiker ginn...
Et passt bei d'Joer 2020, dass dëst Joer net diskutéiert gëtt wien de schéinste mee den ellenste Beemchen opriicht. Nodeems New York gutt virgeluecht hat, reecht dann elo och Frankfurt säi "Pannebämchen" eran. Dëse koum aus Éisträich a war 30 Meter grouss, ze grouss fir den Transport an dofir huet e fir d'éischt emol ganzer 7 Meter misse gekierzt ginn ier en iwwerhaapt mol ukomm ass.
Wéi e bis do war ass et awer net besser gelaf: Wärend dem Opriichten huet de Beemchen Äscht gelooss an zwar esou vill, dass elo Bam-Kosmetiker sech dorëms musse këmmeren d'Dänn nees schéin ze maachen andeems d'Lächer gefëllt ginn. Bei de 7 Meter déi gekierzt goufen ass et iwwregens och net bliwwen, de Bam huet beim Opriichten net just Äscht verluer mee och nach e puer Meter weider soss hätt de Panne-Bam net an d'Halterung gepasst.
Tjo, wann 2020 e Bämche wär...