Wéi en erwächt ass hat de Mann Handschellen un, seng Féiss waren et awer déi e verroden haten...

An Handschellen ass e gesichte Kriminellen an der Wunneng vu Bekannten zu Kulmbach erwächt. Der Police no waren d'Beamte wéinst engem Sträit an d'Wunneng geruff ginn. Dësen huet sech als net gravéierend erausgestallt, allerdéngs hunn d'Poliziste bei hirer Visitt Féiss hannert der Couche erbléckst.

Déi gehéieren zu engem 32 Joer ale Mann, dee wéinst Kierperverletzung gesicht gëtt, respektiv gesicht gouf. Zoufälleg hunn d'Beamten de Gesichte fonnt, deen alkoholiséiert hannert der Couch ageschlof war.

D'Visitt vun der Police hat dëse mol net matkrut an esou ass en tatsächlech eréischt erwächt nodeems d'Handschellen ugeluecht goufen.