Den John Lydon hat Bekanntschaft mat Kaweechelcher gemaach, ma net just mat deenen Déiercher...

De Sex Pistols- a Public Image Ltd.-Sänger John Lydon alias Johnny Rotten huet iwwert déi sozial Netzwierker vun enger schlëmmer Attack op säi Geschlechtsdeel bericht. Schold um Debakel ass eng Grupp vu Kaweechelcher, déi hien a sengem Haus zu Los Angeles opgeholl hat. Dat awer just indirekt well et éischter ëm d'Matbewunner vun den Déiere selwer geet.

D'Fléi, déi d'Kaweechelcher mat an d'Haus bruecht hunn, hunn de Gastgeber nämlech um ganze Kierper gebass, och um Penis. Ma och wann de Floubefall nerveg ass an ob d'pelzeg Déieren zréck ze feieren ass, hëlt de Museker hinnen et net béis: "I'm not going to blame the poor little squirrels".

Trotzdeem zitt e Konsequenzen doraus a wëll sech dofir asetzen, dass seng nei Frënn nees méi eegestänneg ginn an och net méi mat em schmusen. Him wär och lo bewosst, dass d'Deiere bei e komme fir Nëss ze kréien an net well et seng Frënn sinn.