Et brennt, an dat am ultra HD...

Zu Wuppertal huet eng Fra de Mëttwoch de Moien an der Fënster vun hiren Nopere gemengt Feier ze erkennen. Wuel gemierkt: gemengt. Dat wat si als Feier identifizéiert hat, war nämlech Kamäin-Feier an dat och nach am Fernsee.

D'Noperen hate sech ganz gemittlech d'Tëlee ugemaach mat Feieroptik um Schierm, ma déi besuergten Nopesch hat an der Tëschenzäit schonn d'Pompjeeë geruff. Ganzer 40 Asazkräft sinn ugeréckt. Soe mer sou d'Läsch-Aarbechten hu sech a Grenze gehalen...