Déi éisträichesch Uertschaft "Fucking" gëtt a "Fugging" ëmbenannt. Dat huet de Gemengerot decidéiert. 

Keen Uertsschëld gouf sou oft fotograféiert a geklaut wéi dat vun der klenger Uertschaft "Fucking" an der éisträichescher Gemeng Tarsberg. Vum 1. Januar 2021 un ass allerdéngs Schluss. De Gemengerot huet nämlech decidéiert, d'Uertschaft a "Fugging" ëmzebenennen.

Méi wollt d'Buergermeeschtesch Andrea Holzner dozou net soen. Et hätt een an der Vergaangenheet scho genuch Mediepresenz gehat.